

Ee neien Dirigent, ee neie Projet:
Gala 2026 BRASS meets VOICES
D'Ëlwenter Musik mat hire Gäst:
Eise neie Chef, den Tom Henckes hat ee Pogramm opgestallt, deen sich weise lisst: Brass meets Voices.
Ee Solist, keen anneren wi de weltbekannten Virtuos um Euphonium, de Glenn van Looy as dobei. Wierker wi Ufo vam Johan de Meij, Song for Ina vam Philip Sparke, Brillante-Fantasy on "Rule Britannia" an Zigeunerweisen (Gypsy Airs) stinn um Programm.
Mat der Chorale Municipale va Gréiwemaacher mat hire 40 Sängerinnen a Sänger présentéiere mer Eech bekannte Melodien wi The Hanging Tree, At Wit's End a Remember vam Hans Zimmer, Adiemus, Flight of the Silverbird, Climbing UP "Iknimaya-The Path to Heaven an Jake's first Flight vam James Horner allen 2 aus dem Film Avatar a Never Back Down-Two steps from Hell (Battle Cry). Conquest of Paradise (Vangelis) an Moment for Morricone duarrefen hei o net feelen.
Mat dobei wi gewiennt de Streichensembel l'Estro Armonico.
Ee flotte Programm demno, losst Eech dee net entgoen a réservéiert lo schon Är Platz um Tel: 979283
Glenn van Looy – Euphonium
Der belgische Euphonium-Solist Glenn van Looy
gilt als einer der herausragenden Vertreter seines
Instruments weltweit. Bereits in jungen Jahren machte
er international auf sich aufmerksam und gewann
zahlreiche bedeutende Wettbewerbe, darunter die
renommierte British Open Solo Championship.
Als Solist konzertiert er regelmäßig mit führenden
Brass Bands und Orchestern in Europa, Asien und Australien. Seine mehrfach ausgezeichneten CD-Einspielungen dokumentieren eindrucksvoll die klangliche Vielfalt und Ausdruckskraft des Euphoniums.
Neben seiner internationalen Konzerttätigkeit unterrichtet er am Conservatoire Cantonal du Valais (Schweiz) und ist musikalischer Leiter der Paris Brass Band.
Mit seiner Virtuosität, musikalischen Sensibilität und inspirierenden Bühnenpräsenz begeistert Glenn van Looy Publikum und Fachwelt gleichermaßen.
Chorale Municipale Grevenmacher A.s.b.l.
D’Maacher Chorale ass am Jar 1848 gegrënnt.
Am Ufank war et e renge Männerchouer. Am Joar 1952 goufen Statuten geännert, an déi 2 bestehend Veräiner, den Cäcilienchouer an de Kirchechouer hunn fusionnéiert zu engem Gesankveräin. Den offiziellen Numm war vun do un
„ Chorale Municipale Grevenmacher“
Awer eréischt 1969 ass aus dem Männerchouer e gemëschten Chouer ginn, wéi mir en haut nach kennen.
2024 huet Maacher Chorale hiren, 175 Gebuertsdag gefeiert, an ass ee vun den eelsten Veräiner am Land.
Niewend verschiddenen Concerten an Optrëtter am Laf vum Jar sange mir, mat eisen iwwer 40 aktiven Sängerinen a Sänger och déi tradionnell Massen fir d‘Feierdeg an der Maacher Parkierch.
Säit Mäerz 2025 steet d’Maacher Chorale ënnert der Direktioun vum Salome Harms-Sanchez,




Eis Broschure as online
Merci Villmols eisen Sponsoren.
